Den Beieveräin Kanton Dikrich invitéiert Iech häerzlech op en Virtrag mat der
Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire, Freides den 7.
Mäerz um 20.00 Auer am Festsall vum „Complexe scolaire“, place des Ecoles
(Stehresplaz) zu Dikrich.
Dëse Virtrag adresséiert sech un all Beienziichter zu Lëtzebuerg a leet de
Fokus spezifesch op d'Hunneghierstellung.
Produktioun an Etikettéiere vun Hunneg:
- Wéini muss e Liewensmëttelproduzent sech bei der ALVA
enregistréiere loossen?
- Wat ass de legale Kader a wéi kënne mir dësen an der
Hunnegbeaarbeschtung ëmsetzen?
- Wourobber ass beim Etikettéiere vum Hunneg opzepassen?
D' Oratricen sinn d'Madame Greet SYMONS, Inspecteur-vétérinaire a Cheffe
vum Service Contrôle établissements agréés et production primaire vun der
ALVA an d’Madame Camille Voltaire, Responsable de domaine étiquetage et
allégations vum Service Aliments spéciaux et étiquetage vun der ALVA.
Fir ofzeschléissen invitéiert den Dikricher Beieveräin op eng geselleg Ronn
mat engem Patt.
Mir freeën eis fir Iech do ze gesinn!